De Sonnden ass den 1. Advent, musse mir deemnächst ee Lockdown fäerten an d'Gedenkminutt an de Spideeler. Mir ware mam RTL Mikro ënnerwee a wollten dozou är Meenung wëssen.

Dësen Donneschdeg de Mëtteg um 12 Auer gouf a Spideeler an an de Santésinstitutioune queesch duerch d'Land eng Gedenkminutt ofgehalen. D'Initiativ "Yes we care" wëll op d'Situatioun vum Gesondheetspersonal opmierksam maachen. Wéi fannt Dir dës Initiative?

27/11/2021 Wochenëmfro (Gedenkminutt Spidol)

All zweeten Donneschdeg soll elo mat enger Gedenkminutt op déi aktuell Situatioun an de Spideeler opmierksam gemaach ginn. 

Eng nei Variant, d’Zuele vu Coronafäll klammen, mengt Dir datt mir méi streng Mesure mat engem Lockdown eventuell kréie kéinten?

27/11/2021 Wochenëmfro (Lockdown?)

De Sonnden ass den éischten Advent. Sidd Dir schonn a Chrëschtstëmmung oder geet dat un Iech laanscht?

27/11/2021 Wochenëmfro (1. Advent - Chrëschtstëmmung)