Déi zweet Staffel Capitani, d'WM am Katar, d'Aarbecht um Bauerenhaff an d'Resultater vun den Tripartite Verhandlunge. Mir ware mam RTL Mikro ënnerwee a wollten dozou är Meenung wëssen.

02/04/2022 Wochenëmfro

En Donneschdeg sinn d'Tripartite Verhandlunge mat engem Eclat op en Enn gaangen. An awer ginn d'Resultater aus deene Verhandlungen elo ëmgesat. Hutt Dir verstane wat bei deene Verhandlungen erauskomm ass?

02/04/2022 Wochenëmfro - Tripartite Resultat

Dëse Weekend ass nees e Bauerenhaff matten an der Stad, fir d'Aarbecht vun der Landwirtschaft ze promouvéieren. Wat wësst Dir iwwert d'Aarbecht op engem Bauerenhaff?

02/04/2022 Wochenëmfro - Aarbecht um Bauerenhaff

 
E Freideg den Owend war d'Auslousung fir d'Futtballweltmeeschterschaft am Katar. Déi gëtt jo am November an Dezember gespillt, eng Zäit an där de Futtball an Europa scho bal an der Wanterpaus ass. Kënnt bei Iech do déi néideg Stëmmung op, wann iwwerall scho Chrëschtdagsdekoratioun hänkt? Wat haalt Dir dovun, datt d'WM am Katar gespillt gëtt?

02/04/2022 Wochenëmfro - WM am Katar

 
En Dënschdeg ass déi zweet Staffel vu Capitani op der Tëlee op en Enn gaangen. Hutt dir gekuckt? Wat haalt Dir vun där zweeter Staffel?

02/04/2022 Wochenëmfro - Capitani Staffel 2