Eng weider Woch mat weidere News sinn eriwwer. Et ass erëm vill geschitt: Zu Cattenom goufe Rëss fonnt, zanter de Mëttwoch gëtt et eng Remise um Pëtrol an de Sonnden ass Ouschteren. Mir ware mam Mikro ënnerwee a wollten är Meenung zu dësen Theme wëssen.

De Sonnden ass Ouschteren an et kann een ouni iergendwellech Beschränkunge matenee feieren. Profitéiert Dir dovunner? Feiert Dir Ouschteren a wa jo, wéi?

16/04/2022 Wochenëmfro: Ouschteren

Zanter de Mëttwoch ass eng Remise a Kraaft getrueden, vu 7,5 Cent pro Liter Pëtrol. Ma d'Präisser kënnen awer nach ëmmer an d'Luucht goen. Hutt Dir dat ganzt verstanen?

16/04/2022 Wochenëmfro: Pëtrol Remise

Am Atomkraaftwierk Cattenom si Rëss fonnt ginn. Esou gëtt emol gesot, et kritt een nämlech net wierklech Informatiounen doriwwer. Wat sot Dir dozou?

16/04/2022 Wochenëmfro: Rëss a Cattenom