Wat behale mir vun dëser Woch zréck? Dat neit Offall-Gesetz gouf gestëmmt, et gëtt iwwert eng méi kuerz Schaffwoch diskutéiert an de Leetzëns soll eropgesat ginn. Mir hu bei Iech emol nogefrot.

An der Chamber gouf e Mëttwoch dat neit Offall-Gesetz gestëmmt. An de Supermarchéen sollen Uebst a Geméis an Zukunft ouni Emballagë verkaf ginn. Wéi wichteg ass dëse Punkt fir Iech?

30/04/2022 Wochenëmfro: Offallgesetz Emballagen

An der Belsch gëtt driwwer diskutéiert, fir d'Aarbechtswoch vu 5 op 4 Deeg ze kierzen, mä näischt un der Aarbechtszäit ze änneren, déi ass grad bei 38 Stonnen d'Woch. A Frankräich gëtt et jo scho méi laang d'35-Stonne-Woch. Wat fir eng Léisung fir eng Neiorganisatioun vun der Aarbechtszäit kéint Dir Iech, vläicht och fir Lëtzebuerg, virstellen?

30/04/2022 Wochenëmfro: Kuerz Aarbechtswoch

Alles gëtt méi deier, am Summer wëll déi Europäesch Zentralbank och de Leetzëns eropsetzen, wouduerch och d'Zënsen op de Banke wäerten eropgoen, op de Spuerkonten, mä och op de Prêten. Wéi eng Gedanke maacht Dir Iech an deem Kontext?

30/04/2022 Wochenëmfro: Zënsen