Eng weider Woch ass ëm, Luxair huet vir d'Maskeflicht ze labberen, dëse Weekend ass de Eurovision Song Contest a mir hu richteg summerlecht Wieder. Mir hu nogefrot, wat Dir dozou ze soen hutt.

14/05/2022 Wochenëmfro

D'Luxair follegt der Suggestioun vun der Europäescher Agence fir Fluchsécherheet. Wann ee vu Lëtzebuerg aus op eng Destinatioun flitt, déi d'Reegelen och gelabbert hunn, muss een u Bord keng Mask méi droen. Wat sot Dir dozou?

14/05/2022 Wochenëmfro: Luxair

Nodeems Måneskin lescht Joer den ESC gewonnen huet, gëtt d'Final vum Concours dëse Weekend zu Turin ausgedroen. Am Laf vun de Ronnen hu sech schonn déi eng oder aner Museker an d'Häerzer vun de Leit gesongen. Wäert Dir Iech d'Final den Owend kucken?

14/05/2022 Wochenëmfro: ESC 2022

Dëse Weekend hu mir schonn nawell summerlech Temperaturen an dat matzen am Fréijoer. Bei dësen Temperature kéint een da schonn emol profitéieren. Wat hutt Dir dëse Weekend da vir?

14/05/2022 Wochenëmfro: Summer-Weekend