Eng Weider Woch ass ëm an erëm ass vill geschitt. De Claude Turmes wëll proposéiert, wéi ee méi onofhängeg vu Russland gëtt, Schweden a Finnland wëllen an d'NATO an d'Afepouke briechen aus. Mir hu mol gefrot, wat Dir dovunner haalt.

21/05/2022 Wochenëmfro

De Claude Turmes huet dës Woch 3 Punkte proposéiert fir Energie ze spueren a manner ofhängeg vum russesche Gas a Pëtrol ze ginn: 2 autofräi Weekender am Joer, en europawäiten Tempolimitt vu maximal 120 km/h op den Autobunnen an 2 Deeg Homeoffice an der Woch. Säi Parteikolleeg François Bausch weist sech bei zwee Punkte nawell skeptesch, datt se eppes notzen oder realiséiert kënne ginn. Wat haalt Dir dann dovun?

21/05/2022 Wochenëmfro: Claude Turmes 3 Punkten

Duerch de Krich an der Ukrain fille sech Finnland a Schweden och net méi sécher a wëllen elo eng Demande maache, fir NATO Member ze ginn. Verstitt Dir déi Decisioun?

21/05/2022 Wochenëmfro: Finland & Schweden an d'NATO?

D'Corona-Situatioun huet sech dës Woch zu Lëtzebuerg berouegt, dofir héiert een elo méi vun den Afepouken, déi sech ëmmer méi an de westleche Länner verbreet. Kënnt elo déi nächst Pandemie?

21/05/2022 Wochenëmfro: Aafepouken