Keen Index, nei Coronawell an d'Gewalt bei Jonke sinn eis 3 Sujeten, déi eis an der Wochenëmfro beschäftegen an zu deene mir är Meenung wëlle wëssen.

Am Juni louch de Jorestaux vum Indice des prix à la consommation national bei ronn 7,4 Prozent an doduerch ass d'Moyenne vum Semester op iwwer 941,12 Punkte geklommen. Doduerch misst eng Indextranche declenchéiert ginn.
Ma wéinst dem Gesetz vum 29. Juni 2022 wäert dës Indextranche op Paien, Traitementer a Pensiounen net elo, mä eréischt den 1. Abrëll 2023 declenchéiert ginn. Amplaz trëtt de sougenannte Steierkredit. Wat sot Dir dozou?

02/07/2022 Wochenëmfro: Indextranche

Nei Coronawell kéint nach dëse Summer an Europa kommen. Ee Grond dofir wier, datt déi meescht Länner an Europa alleguerten d'Schutzmesuren opgehuewen hunn. D'Weltgesondheetsorganisatioun rechent mat enger neier Coronawell dëse Summer an Europa. Maacht Dir Iech och Suergen?

02/07/2022 Wochenëmfro: Nei Covid-Well am Summer?

Gewaltbereetschaft ënner de Jonke war och en Thema dës Woch. Nodeems e brutale Video vun enger Schoulkläpperei zirkuléiert ass, stellt sech d’Fro, ob et dobäi ëm en neit Phenomen vu Jugendgewalt geet. Wéi gesitt Dir dat?

02/07/2022 Wochenëmfro: Gewalt an de Schoulen