USA am Taiwan, net genuch Blutt a Lëtzebuerg kritt Gold am Räichsinn. Mir ware mam Mikro ënnerwee a wollten är Meenung dozou wëssen.

D'Cheffin vum amerikanesche Representantenhaus Nancy Pelosi  war dës Woch am Taiwan fir se an hirer Demokratie ze ënnerstëtzen, wat China immens veriergert huet. A vill aner Länner beonrouegt. Wat sot Dir dozou?

D’Croix Rouge rifft op en Neits zum Bluttspenden op, fir eng Penurie u Reserven ze verhënneren.
Gitt Dir Blutt spenden oder net, a firwat?

Lëtzebuerg ass dat räichste Land vu der Welt, mellt Global Finance. An dëser Analyse wier och net just de Bruttoinlandsprodukt gekuckt ginn, mä och d’Kafkraaft an d’Verdeelung vum Wuelstand. Wat sot Dir dozou?