Nieft den Tripartiteverhandlunge wollte mir är Meenung nach iwwert 2 aner Themen wëssen.

24/09/2022 Wochenëmfro

Vill Gemengen hu ugekënnegt, och bei der Chrëschtbeliichtung Energie ze spueren, andeems se zum Beispill net esou laang ubleift. Wéi fannt Dir dat, a wat plangt Dir bei Iech u Beliichtung fir Chrëschtdag?

24/09/2022 Wochenëmfro: Wat plangt Dir bei Iech u Beliichtung fir Chrëschtdag?

Et gouf dann elo wësse gedoen, datt d'Beemercher op der Plëss just nach stonneweis liichten, just déi Zäit, wou d’Leit an der Stad sinn an an d’Geschäfter oder d’Restaurante ginn, dat heescht sou vun owes 17 bis 23 Auer" sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Dat selwecht gëllt och fir d’Chrëschtzäit. Esou géif een eleng bei der Chrëschtbeliichtung 66% spueren.

De Vladimir Putin huet dës Woch annoncéiert , datt hien 300.000 Reservisten an de Krich wëll schécken. Als Reaktioun ginn och a Russland vill Leit op d' Strooss an demonstréiere géint de Krich, vill jonk Männer verloossen d'Land esouguer. Wéi interpretéiert Dir déi Decisioun vum russesche President?

24/09/2022 Wochenëmfro: Wéi interpréteiert Dir d'Decisioun vum russesche President?