Nodeems een dësen Donneschden mat der Bankkaart op verschidde Plazen net konnt bezuelen, wollte mir wëssen op Dir iwwerhaapt nach Cash benotzt?

26//11/12 : Wochenëmfro Benotzt Dir Cash

Wéi Worldline en Donneschdeg am Nomëtteg op RTL-Nofro hi confirméiert huet, war de Problem ëm kuerz no 12 Auer geléist. Schold um Feeler ware méiglecherweis op Aarbechten um Glasfaser-Reseau an der Stad zréckzeféieren. Dës Aarbechten hätte fir Perturbatiounen um europäesche Reseau fir Bezuelungsservicer gesuergt. Och den Telefonsreseau vu Worldline war en Donneschdeg de Moien mat Amenter ausser Betrib.