Den neie Prisong um Uerschterhaff bei Suessem an d'Awards Night vun der Lëtzebuerger Sportspress, dat sinn eis Sujeten am 1. Deel vun eiser Wochenëmfro. Mir ware mam Mikro eraus a wollten är Meenung wëssen.

Um Uerschterhaff bei Suessem gouf e Mëttwoch den neie Prisong fir männlech Untersuchungshäftlingen offiziell ageweit. Op de 45.000 Metercarré am neie Prisong sinn d'Untersuchungshäftlingen an Eenzelzellen ënnerbruecht. Aneschters wéi zu Schraasseg ginn et hei och adaptéiert Raimlechkeeten, fir Besuch z'empfänken. Och d'Sécherheetstechnik mat 650 Kameraen an iwwer 600 Sécherheetsdieren entsprécht den neiste Standarden. Betreit ginn déi Verdächteg vun iwwer 350 Leit Personal. Ass et Zäit gi fir dësen neie Prisong?

03/12/22 Wochenëmfro Sportler vum Joër, mat der Wiel averstanen?

No zwee Joer Corona-Paus war den Donneschden d'Awards Night am Casino 2000 zu Munneref.
D'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte (Dëschtennis) konnte sech 2022 bei der Sportlerin vum Joer duerchsetzen. Bei den Hären hu sech de Bob Jungels (Vëlossport) an den Dylan Pereira (Motorsport) déi éischt Plaz geséchert a bei der Ekipp vum Joer huet sech d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Häre behaapt. Den Trainer vum Joer ass op en Neits de Luc Holtz (Futtball). Gewielt goufe si vun de Membere vun der Sportspress. Zefridden mat der Wiel vun de Sportler vum Joer?

03/12/22 Wochenëmfro : prisong zu Suessem iwerfälleg?