Um Salzhaff sinn d'Radare schaarf geschalt a virun 30 Joer gouf den 1. SMS op der Welt geschriwwen. Am 2. Deel vun eiser Wochenëmfro wollte mir do och är Meenung wëssen.

Wann een elo zanter dem 1. Dezember zu Hollerech iwwert rout fiert oder ze séier, kritt ee vun der Police geschriwwen. Wann een d'Resultater aus der Testphas kuckt, schéngen déi 3 nei Radaren um Salzhaff Sënn ze maachen. An de Méint September an Oktober sinn iwwer 50.000 Gefierer geblëtzt ginn, déi ze séier ënnerwee waren. Bal 600 Automobiliste sinn bei rout duerchgefuer.
Wéi ass et da mat Iech, iwwerhaapt scho mol geblëtzt ginn?

03/12/22 Wochenëmfro Sidd Dir geblëtzt ginn?

Den 3. Dezember 1992 huet den Ingenieur Neil Papworth déi éischt SMS, Ofkierzung fir Short Message Service geschriwwen. Text deemools »Merry Christmas«. Ma déi SMS gouf vun engem PC un en Orbitel TPU 901 Mobiltelefon am brittesche Vodafone-Netz verschéckt.
30 Joer méi spéit, géift Dir eis äre leschten SMS virliesen?

03/12/2022 Emfro : wat war äre leschten SMS?