Nodeems de Lëtzebuerger Rallye-Duo Kridel/Hack nom Rallye iwwerraschend just op Plaz 41 stoung, koum awer elo bal 2 Woche méi spéit de Rectificatif.

De ganze Rallye iwwer lounge si an den Top20 mat hirem Porsche 911 SC. Um Enn krute si awer zu hirer Iwwerraschung eng Strof vun 2000 Punkten, wat se immens wäit no hanne geheit hat... fir genee ze sinn op Plaz 41. Si hu bei der Direction de Course eng Erklärung ugefrot, wouropshin hinne matgedeelt gouf, si hätte samschdes owes mat 40 Minutte Verspéidung gestempelt.
Dat hunn den Aly Kridel an den Daniel Hack awer net op sech sëtze gelooss. Si konnte mat GPS-Daten, mat Fotoen a Videoe beweisen, dass si net ze spéit gestempelt hunn, an dowéinst och déi 2000 Strofpunkten zu Onrecht verdeelt goufen.

De Collège sportif huet sech der Saach ugeholl an de 24. Februar gouf dunn en neie General vun de Legend Boucles @ Bastogne verëffentlecht.

Do figuréiert de Lëtzebuerger Equipage dann elo op der exzellenter 15. Plaz am General an op Plaz 3 an der Kategorie 10.

Och an den Top10 gouf et Ännerungen. Sou verbessert sech z.B. de Cédric Cherain vu Plaz 10 op Plaz 7 an de Marc Duez fält aus den Top10 eraus op Plaz 11.

Resultater:

1.- Hirvonen / Ottman - Ford Escort RS  (1544 Punkten)

2.- Caprasse / Razzi - Ford Escort RS

3.- Fernément / Devleeschrauwer - Ford Escort RS

4.- Berlandy / Schaaf - Opel Kadett C

5.- Matton / Podgorny - Porsche 911 SC

6.- Van de Wauver / Surinx - Lancia Beta Coupé

7.- Cherain / Chatelain - Ford Escort RS

8.- Walker / Connor - Ford Escort RS

9.- De Mevius / Jalet - Nissan 240 RS

10.- De Hemptinne / Del Marmol - Ford Escort RS2000

 15.- Kridel / Hack - Porsche 911 SC