Eng traureg Noriicht fir d'Formel 1. De Renndirekter Charlie Whiting stierft am Alter vu 66 Joer un enger Longenembolie. D'Rennfamill ass an Trauer.

Kuerz virum Start an déi nei Saison trauert d'Formel 1 ëm den Doud vun hirem laangjärege Renndirekter. De Charlie Whiting ass um Donneschden de Mueren zu Melbourne am Alter vu 66 Joer un enger Longenembolie gestuerwen. Dëst deelt de "Motorsport-Weltverband FIA" mat.

De FIA-President Jean Todt dréckt seng déif Trauer aus a seet, dass den Charlie Whiting e formidabelen Renndirekter an eng zentral Figur an der Formel 1 war, déi d'Wäerter an de Geescht vun dësem Sport verkierpert hätt. D'Formel 1 hätt en treie Frënd a charismatesche Embassadeur verluer. Dem Fransous seng Gedanken, déi vun der FIA an der kompletter Motosport-Gesellschaft wieren elo bei senger Famill a senge Frënn.

„Mir hunn mam Charlie Whiting en treien Frënd an en charismatechen Ambassadeur verluer“ huet de FIA-President Jean Todt getwittert. Och d‘Piloten an den Ecurien waren an déiwer Trauer, déi vun dëser Nouvelle iwwerrascht goufen.

Och de Formel-1-Sportchef Ross Brawn seet voller Trauer, hien hätt den Charlie säi ganzt Motosport-Liewe laang kannt an zesumme mat him vill Zäit un de Rennstrecken op der ganzer Welt verbruecht. Hie wier um Buedem zerstéiert. Den Doud vum Charlie Whiting wier net nëmmen e grousse Verloscht fir hien, mä och fir déi ganz Famill vun der Formel 1. Seng Carrière huet de Renndirekter an der Kinneksklass 1977 am Déngscht vum Hesketh-Rennstall ugefaangen. An den 80er Joren ass hie bei Brabham gewiesselt, wou hie Chefmechaniker an duerno Cheftechniker ginn ass. 1988 ass hie bei d'FIA komm a war do zënter 1997 Renndirekter. Hie war fir de sécheren a fairen Oflaf vun de Grand-Prix-Weekender verantwortlech.