Mam Grousse Präis vun Australien fänkt de Weekend déi nei Saison an der Formel 1 un.

Mat engem neie Streckerekord (1:20.486) konnt sech de Lewis Hamilton ob Mercedes Pole Position sécheren. Ëmmerhi schonn déi 6. Pole hannerteneen fir de Brit. Nieft dem 5-fache Weltmeeschter steet säin Teamkolleg, Valtteri Bottas. Eng Duebel-Pole deemno vir d’Ecurie aus Däitschland. Ferrari hat sech mam neien SF90 bestëmmt eng besser Ausgangspositioun erhofft. Böid Piloten Sebastian Vettel a Charles Leclerc kommen op Positiounen 3 an 5. Eng Enttäuschung war d'Qualifikatioun fir Scuderia Ferrai, well de Retard ob Mercedes enorm war. Den Vettel huet 8 Zéngtel verluer an de Leclerc bal 1 ganz Sekonn. Am Motorsport sinn dat Welten. Et muss een ofwaarden, wéi den SF90 sech am Renntrimm wäert presentéieren.

Eng grouss Enttäuschung gouf et och fir Red Bull. Direkt am éischten Deel vun der Qualifikatioun ass de Pierre Gasly, dee vun Torro Rosso bei déi britesch Ecurie gewiesselt ass, eliminéiert ginn. Den Max Verstappen huet de Sprong awer an den Q3 gepackt a geet op der 4. Plaz an d'Course.

Béid Renault-Piloten, Nico Hülkenberg an Daniel Ricciardo, hu sech misse mat de Plazen 11 an 12 zefridde ginn.

D'Course gëtt e Sonndeg de Moien um 6.10 Auer un, wou dann déi éischt Punkte verdeelt ginn. Vun dëser Saison un, kritt dee Pilot e Bonuspunkt, deen de séiersten Tour dréit. Allerdéngs muss de Fuerer ënnert deenen éischten 10 ukommen. Doduerch erhofft FIA sech méi Spannung bei de Strategien.