Ferrari huet confirméiert, datt de Mick Schumacher an den nächste Woche fir si Tester mécht an der Formel 1.

De Bouf vum Michael Schumacher wäert d'nächst Woch nom Grousse Präis vu Bahrain, op där Streck eng éischte Kéier fir Ferrari testen. Den Dag drop fiert en da fir d'Partner-Team Alfa Romeo.

Den 20 Joer ale Schumacher mécht de Weekend säin Debut an der Formel 2 a gehéiert eben och zur Nowuess-Akademie vu Ferrari.

Fir Scuderia hat säi Papp, de Michael Schumacher, 5 vu senge 7 Weltmeeschter-Titele geholl.