En Dënschdeg gouf getest an all d'Ae waren op de Mick Schumacher am Ferrari geriicht.

An deen talentéierte Youngster, Bouf vum legendäre Michael Schumacher, huet direkt gewisen, wat e kann: Just de Verstappen war méi séier, soss wier et d'Dagesbeschtzäit ginn.

Um Bord vun der Pist huet dem Mick seng Mamm Corinna suivéiert, wéi sech hiren 20 Joer ale Fils schloe géif.

Ganz vill Fotografe ware beim F1-Test vum Mick Schumacher an der Wüst derbäi.

De leschte Weekend gouf jo am Bahrain de Grand-Prix gefuer.

D'Aussokraaft vun den Tester ass awer begrenzt, well d'Pilote mat ënnerschiddlech vill Sprit u Bord a mat verschiddene Pneuemëschungen ënnerwee waren. Zum Verglach: D'Ronn fir d'Pole Position vum Charles Leclerc de leschte Samschdeg war ronn annerhallef Sekonn méi séier wéi déi beschte Ronn vum Verstappen um Dënschdeg.

Ferrari op Twitter iwwer d'Tester