E Sonndeg war de Guy Demuth bei der Bierg-Europameeschterschaft a Frankräich am Asaz.

Fir de Guy Demuth gouf et op engem Norma M20 FC bei der Bierg-Europameeschterschaft zu St. Jean du Gard a Frankräich e Sonndeg déi excellent 6. Plaz.

Gewonne gouf d'Course vum Christian Merli (Osella FA30), virum Simone Faggioli (Norma M20 FC) an dem Sébastien Petit (Norma M20 FC).