Zu Monza gouf de Weekend déi 1. Course vun de Blancpain European GT4 Series gefuer. Do derbäi war och de Clement Seyler, op engem Aston Martin Vantage GT4.

Net manner wéi 11 verschidde Marken a 37 Autoe ware Samschdes zu Monza um Depart.
De Clement Seyler ass zesumme mam Pascal Bachmann gefuer, dat um Aston Martin Vantage GT4 vum Team Street Art Racing.
Si goufen an der 1. Course déi 24. am General an déi 3. an hirer Klass AM.

Domat war et scho mol e gelongene Start an d'Saison.

© Romain Scheffen

An der 2. Course vum Weekend um Sonndeg huet et riicht era gereent. De Pascal Bachmann ass hei de Start gefuer an hie konnt 8 Plaze gutt maache virum Wiessel op de Clement Seyler. De Lëtzebuerger ass eng gutt Course gefuer, hat allerdéngs vill Pech, well e war direkt vun 2 Strofe betraff. Déi éischt war eng drive through penalty, well de Bachmann ënner gielem Fändel iwwerholl hat. Du koum nach eng zweet Strof dobäi, well hire Boxestopp 2 Sekonnen ze lues war.

Um Enn sollt et awer souguer nach duer goen, fir déi 2. Plaz an der Klass ze sécheren, also nach emol 1 Plaz besser wéi samschdes.

© Romain Scheffen

Déi nächst Course ass an de European GT4 Series ass de 4. a 5. Mee zu Brands Hatch an England.