Vum 10. bis 12. Mee gouf a Portugal d'Rampa Internacional da Falperra gefuer. De Lëtzebuerger Guy Demuth koum op déi 5. Plaz am General.

Gewonne gouf déi 3. Manche vun der Biergcourse-Europameeschterschaft vum Christian Merli um Osella FA 30 Zytek LRM, virum Simone Faggioli um Norma M20 FC an dem Christoph Lambert um Osella FA 30.

Just hannendru placéiert sech de Sébastien Petit op engem Norma M20 FC. De Lëtzebuerger Guy Demuth kënnt op dem selwechten Typ Auto op déi 5. Plaz, dëst mat enger Gesamtzäit vun 3min47,417. Dat ass d'Additioun vun den zwou séiersten Zäiten, déi hie gefuer ass.

De Christian Merli als Gewënner, hat enge Gesamtzäit vun 3min35,013.

No de Coursen a Frankräich an Éisträich loung de Guy Demuth mat 27 Punkten op Plaz 7 an der FIA Europameechterschaft Cat.2. No der Course a Portugal, dierft hie sech an dësem Klassement no uewe verbesseren. Déi offiziell Punkte sinn awer nach net verëffentlecht.