Dëse Weekend gouf um Slovakiaring déi 3. Manche vun der Moto-Endurance-Meeschterschaft gefuer. Mat um Depart war och de Lëtzebuerger Chris Leesch.

Hie war wéi gewinnt mam Team 33 Coyote am Asaz.
Am Qualifying war et direkt gutt gelaf fir si, well si konnten an hirer Kategorie Superstock mat der Kawasaki ZX10 d'Pole Position erausfueren.

Déi 8 Stonne Course sollte sech als immens komplizéiert erausstellen. Am Ufank hat d'Team 33 Coyote Problemer mat de Pneuen, déi am dréchenen méi séier ofgebaut hunn, wéi déi vun de Konkurrenten.
2 Stonne virun Enn vun der Course huet et ugefaange mat reenen an du war et um Chris Leesch fir d'Maschinn an engem Stéck op d'Arrivée ze bréngen. Dat sollt sech als Erausfuerderung erausstellen, well d'Streck deels naass, fiicht oder dréche war. Ma hien kënnt um Enn op déi 9. Plaz am General an op Plaz 3 an der Kategorie Superstock.

Mat dëser Placéierung behale si d'Chance op de Vize-Weltmeeschtertitel, ma dofir musse se bei der leschter Manche an Däitschland onbedéngt gewannen.