Beim 1. Laf vun der Autocross-Europameeschterschaft zu Seelow an Däitschland, ass et net gutt gelaf fir d'Lëtzebuerger Piloten.

Am beschten aus der Affär gezunn huet sech de Kevin Peters, deen um Enn op déi 8. Plaz kënnt an der Buggy1600-Kategorie. Hien hat et bis an d'Finall gepackt, do awer direkt an der éischter Kéier e Platte kritt. Domat war et net méiglech eng besser Plaz erauszefueren.

De Max Schanen hat vun Ufank u mat technesche Problemer u senger Maschinn ze kämpfen. Hie konnt kee richtegen Zäittraining fueren an ass wäit zeréckgefall. Am zweete Laf ass en de 7. ginn, am 3. Laf dunn den 5. Dat sollt awer net duergoen, fir sech fir d'Halleffinall ze qualifizéieren.

Gewonne gouf d'Kategorie Buggy1600 vum Petr Nikdoém (Tschechien) virum Vincent Mercier (Frankräich) an dem Steven Laubach (Daitschland).

An der Kategorie Juniorbuggy war de Bob Schanen um Depart. Am 1. Laf ass hien de 5. ginn, duerno koumen nach eng 3. an eng 4. Plaz bei den anere Virleef eraus. An der Halleffinall loung hien op Plaz 2, éier hien duerch elektresch Problemer u sengem Buggy ausgefall ass.

Gewonne gouf d'Juniorbuggy-Kategorie vum Jakub Novotny (Tschechien), virun Bart Van Der Putten (Holland) an dem Daniel Pytloun (Tschechien).

[commments]