E Sonndeg goufen zu Chambley a Frankräich déi 5. a 6. Manche vum Lëtzebuerger Slalom-Championnat gefuer.

9 Piloten, déi am Lëtzebuerger Championnat ageschriwwe sinn, waren hei un den Depart gaangen.

Am Séiersten ënnerwee war de Sam Prickaerts um Ford Fiesta. Seng Beschtzäit loung bei 1:11,928. Do hannendru kënnt de Claude Soisson, och op Ford Fiesta. Plaz 3 geet un de Fransous Julien Freyermuth, deen dëst Joer och op d'Lëtzebuerger Slalom-Championnat fiert, dëst op engem Renault Clio 4 Cup.

Och Plaz 4 geet un e Fransous, dat a Persoun vum Yannick Dudot (Renault Clio 4 Cup). Hie steet net an der Lëscht vun den ageschriwwene Pilote vum Lëtzebuerger Championnat, déi aktuell um Site vum ACL ze gesinn ass. Bleift also ofzewaarden, ob hien awer punktberechtegt ass.

E behaapt sech virum François Flammang (Peugeot 206).

D'Tania Flammang um Volkswagen Fun Cup huet de Fraen-Duell géint d'Ivana Becker um Renault Clio 3 Cup vir sech entscheet.

De Chris Klein um Renault Clio kënnt op Plaz 8, virum Kévin Hansen um VW Golf 1 op Plaz 9.

26 Piloten sinn aktuell fir d'Slalom-Championnat ageschriwwen