Bei der 2. Course vun der Saison am Michelin Le Mans Cup, hunn d'Charlie Martin an den David Hauser hiren LMP3 leider fréizäiteg mussen ofstellen.

D'Saison hat ganz villverspriechend ugefaangen, dëst mat enger 4. Plaz bei der Optaktcourse um Circuit Paul Ricard a Frankräich. Mat dësem Resultat am Réck, ass d'Ekipp vu Racing Experience mat vill Zouversiicht op Monza gereest, fir do eventuell scho Richtung Podium ze viséieren...

Charlie Martin an David Hauser / © Paola Depalmas

De Qualifying zu Monza huet d'Euphorie dunn awer schonn e bësse gebremst. Nodeems d'Charlie Martin sech hei gedréint hat, gouf et um Enn just eng 25. Plaz an der Startopstellung fir d'Course. Deementspriechend héich war den Drock op déi ganz Ekipp, fir aus där Startpositioun nach e gutt Resultat erauszefueren.

D'Charlie Martin ass de Start gefuer, a konnt direkt an den zwou éischte Ronne 4 Plaze gutt maachen. Weider zwou Plazen no vir goung et um Enn vun der 6. Ronn. Um Enn vum Stint, konnt déi jonk Pilotin sech bis op Plaz 14 no vir kämpfen.

© Paola Depalmas

Du koum et zum Fuererwiessel. Den David Hauser ass an den LMP3 geklommen a war prett, fir weider Plazen am General no vir ze fueren. Ma dorausser sollt näischt ginn, well e mechaneschen Defekt um Auto huet hie forcéiert, den LMP3 um Bord vun der Streck ofzestellen. Domat war d'Course natierlech gelaf.

Den Teamchef Christian Hauser huet no der Course zouginn, dass et sécherlech schwiereg ass, wann een eng Course net kann op en Enn fueren, mä et géifen och immens vill positiv Aspekter no dësem Weekend ginn, déi een net vergiessen dierft. De Speed wier do! Elo heescht et op Feelersich ze goen, fir erauszefannen, wisou et zu deem techneschen Defekt komm ass.

Den David Hauser war natierlech béis enttäuscht, well hien den Auto sou fréi huet mussen ofstellen. Et heescht elo positiv denken a sech op déi nächst Course ze konzentréieren... an déi ass keng aner wéi déi zu Le Mans!

© Paola Depalmas

Och d'Charlie Martin war liicht geknéckt no der Course. Et war immens houfreg op seng Leeschtung am Auto an dorop konzentréiert et sech elo och fir den nächsten Asaz, an deen ass de 15. Juni am Kader vun der "Road to Le Mans". Hei ginn direkt 2 Coursë gefuer, dat am Rahmeprogramm vun de legendäre 24 Stonne vu Le Mans.

Bei dëser Course ginn och nach e sëllechen aner LMP3 a GT3-Autoen un den Depart, wat zum gréisste Starterfeld vun dem ganze Rennkalenner féiert.

Et däerf een also gespaant ginn, wéi déi Lëtzebuerger Ekipp sech bei dëser traditiounsräicher Course presentéiert.

No den zwou éischte Coursen, läit Racing Experience iwwregens mat 12 Punkten op der 6. Plaz am General.