An der Moto2 huet den Alex Marquez vun Estrella gewonnen an an der Moto3 war de Mcphee vu Petronas de Séiersten. Zweeten den Dalla Porta vu Leopard.

De MotoGP-Weltmeeschter Marc Marquez huet fir déi 300. Victoire vun Honda an der Kinneksklass gesuergt a seng Féierung an der Gesamtwäertung ausgebaut. De Spuenier huet de Grousse Präis vu Frankräich zu Le Mans virum Ducati-Trio Andrea Divizioso, Danilo Petrucci an Jack Miller gewonnen.

No 5 vu 19 Courssen huet de Marquez 95 Punkten, dohannen druner kënnt den Dovizioso mat 87 Punkten.

An der Moto2 huet de Spuenier Alex Marquez vun Estrella Galicia Marc VDS sech d'Victoire geséchert. Um Podium stoungen hei nach de Jorge Navarro vun Ego Speed Up an den Augusto Fernandez vu Pons HP40.

Am Moto3 huet den John Mcphee vu Petronas Sprinta Racing gewonnen. Op déi zweete Plaz ass de Lorenzo Dalla Porta vun der Ekipp Leopard Racing gefuer. Um Podium stoung och nach den Aron Canet vum Max Racing Team.