Bei der 4. Manche vun der Biergcourse-Europameeschterschaft war de Lëtzebuerger Guy Demuth nees mat sengem Norma M20FC am Asaz.

Bei ganz schwierege Konditiounen mat vill Reen, op der ganz enker Streck vu Subida Al Fito, mat enger niddreger Duerchschnëttsgeschwindegkeet, kënnt de Guy Demuth um Enn op déi 6. Plaz am General an op Plaz 3 a senger Grupp.

Gewonne gouf d'Course vum Christian Merli aus Italien, virum Simone Faggioli (IT) an dem Javier Villa aus Spuenien. De Christoph Lampert aus Éisträich kënnt op Plaz 4, virum Diego Degasperi aus Italien. Do hannendru kënnt dann de Guy Demuth.

No der Course a Portugal loung de Guy Demuth an der Kategorie 2 op Plaz 7 vun der Biergcourse-EM, dat mat 42 Punkten. Leader hei waren de Simone Faggioli an de Christian Merli punktgläich mat 75 Punkten. Do kommen elo nach d'Punkten aus Spuenien derbäi... aktuell sinn déi awer nach net um Site vun der FIA ze fannen.