E Samschdeg huet de Charles Leclerc op Ferrari de Qualifying um Circuit vu Spielberg an Éisterräich dominéiert. Vettel no Technikproblemer nëmmen den 9.

No enger gudder Performance vu Ferrari um Freideg op den Trainingsronne war d'Lutte ëm d'Pole Position tëscht Mercedes an der Scuderia e Samschdeg esou spannend, wéi well laang net méi. Och de Max Verstappen wollt mat sengem Red Bull um Circuit vu Spielberg an der Steiermark ee Wiertche matschwätzen. De Charles Leclerc op Ferrari hat e Freideg um Training awer dee stäerksten Androck hannerlooss.

An dësen huet och um Samschdeg d'Feld dominéiert: De Monegass war an der 3. Qualifikatiounsronn dee Séiersten a konnt sech seng zweete Pole a senger Carrière sécheren. Säin Teamkolleg Sebastian Vettel huet säi Rennbolid iwwerdeems missen no der Q3 wéinst technesche Problemer stoe loossen. Den Däitsche start e Sonndeg vun der Plaz 9.

De Weltmeeschter Lewis Hamilton op Mercedes war am Qualifying den Zweetséiersten. Vun der Startnummer 3 aus fiert e Sonndeg bei der Course de Max Verstappen op Red Bull. Den Hollänner konnt sech virum Valtteri Bottas behaapten, de Finn gouf beim Qualifying de 4.

De Lewis Hamilton gouf iwwerdeems nodréiglech no hanne versat, dat well de Weltmeeschter de Kimi Räikkönen mat engem geféierleche Fuermanöver gestéiert huet. Ufangs war vun enger Strof vun 3 Plaze rieds, an den Owesstonnen koum awer d'Nouvelle, datt de Brit just 2 Plaze strofversat gouf. Deemno start den aktuelle Weltmeeschter e Sonndeg aus der zweeter Rei vu Plaz 4.

De Grousse Präis vun Éisträich gëtt e Sonndeg um 15 Auer 10 gefuer.