Op d'Plazen 2 an 3 fueren de Charles Leclerc op Ferrari an de Valtteri Bottas op Mercedes. De Weltmeeschter Hamilton gouf iwwerdeems 5.

Am zweetleschten Tour ass et dem Max Verstappen gelongen, de Charles Leclerc ze iwwerhuelen an domat deen éischte Succès fir Red Bull an der Saison erauszefueren. Op d'Plazen 3 a 4 koumen de Valtteri Bottas op Mercedes an de Sebastian Vettel op Ferrari. De Lewis Hamilton koum mat sengem Rennbolid iwwerdeems op d'Plaz 5.

Mat dem Podium Verstappen, Leclerc a Bottas huet de Formel-1-Zirkus mat enger Altersmoyenne vu 24 Joer an 156 Deeg dee jéngste Podium an der Geschicht erlieft.

De Verlaf vun der Course

Op dem ronn 4,3 Kilometer laange Circuit vu Spielberg an Éisträich huet de Charles Leclerc op Ferrari de ganze Weekend iwwer gutt Performancë gebueden. Och säin Teamkolleg Sebastian Vettel war villverspriechend gestart, hat awer op en Neits technesch Problemer am Qualifying mat sengem Auto. Ma d'Sëlwerfeilen hu sech fir de Rennweekend awer och nach Chancen ausgerechent, soudatt et um Sonndeg spannend weidergoung.

Een, deen ee miserabele Start erlieft huet, war iwwerdeems de Max Verstappen. Den Hollänner, dee jo vun der 2. Positioun fortgefuer war, huet direkt e puer Plaze verluer.

An och um Sonndeg gouf de Sebastian Vettel vum Pech verfollegt. Kee ganz professionellt Bild hunn d'Mecaniciene vun der Scuderia nämlech ofginn, wéi den Heppeheimer an d'Box gefuer ass fir seng Pneue gewiesselt ze kréien. D'Männer a rout waren nach net prett, soudatt den Däitsche wichteg Zäit verluer huet.

Donieft huet de Weltmeeschter Lewis Hamilton och missen an d'Box fueren, fir sech seng Nues vum Auto wiesselen ze loossen - 11 Sekonnen huet d'Ersetze vun der Front vum Auto de Brit kascht, dat housch Plaz 5.  An der Hallschecht vun der Course ass vir weiderhin de Charles Leclerc gefuer, dat virum Bottas a Vettel.

Am weidere Verlaf vun der Course huet sech ganz vir den Duell Leclerc / Verstappen erauskristalliséiert. Den Hollänner ass dem Monegass ëmmer méi no komm, ass aggressiv gefuer an hat och besser Pneuen op sengem Red Bull wéi de Leclerc op sengem Ferrari.

An der 69. Ronn goung et dunn zur Saach. De Verstappen huet permanent Attacken op de Leclerc lancéiert, mat de Monegass konnt resistéieren. Ma eng Ronn duerno huet de Verstappen richteg ugesat, fir ze iwwerhuelen an huet dobäi dem Leclerc säi Ferrari nawell zolidd getéckt an ass laanscht gefuer.

Dat riskant Fuermanöver vum Hollänner gouf zwar vun der Rennleedung gepréift, ma um Enn war dem Verstappen d'Victoire awer net méi ze huelen. Ganz batter fir de Charles Leclerc: de jonke Mann aus Monaco konnt sech fir seng gutt Leeschtungen net belounen.