Duerch d'Victoire bei der Rallye Finnland huet den Est seng Féierung am Generalklassement weider ausgebaut. Den Neuville an den Ogier waren ouni Chance.

Den 31 Joer alen Toyota-Pilot Ott Tänak huet e Sonndeg d'WRC-Rallye-Finnland gewonnen. Den Est huet sech virun de Finnen Esepekka Lappi (Citroën) a Jari-Matti Latvala (Toyota) duerchgesat. Den Titelverdeedeger Sébastien Ogier (Citroen) an de Vizeweltmeeschter Thierry Neuville (Hyundai) hate keng Chance an hu sech misse mat de Plaze 5 a 6 zefridde ginn.

Am General huet den Tänak mat 180 Punkten elo e Virsprong vun 22 Punkten op de Sébastien Ogier (158). Den Thiery Neuville huet 155 Punkten. Den Trio huet sech scho kloer vun der Konkurrenz ofgesat an dierft de Weltmeeschtertitel dëst Joer ënnert sech ausmaachen. Den Ogier gouf zanter 2013 sechsmol Weltmeeschter, den Neuville ass véierfache Vize-Weltmeeschter an den Tänak stoung zweemol als WM-Drëtten um Podium.

An dëser Saison stinn nach 5 Courssen um Programm. Als nächst gëtt d'ADAC Rallye Däitschland vum 22. bis de 25. August gefuer.