Bis an d'50er Jore vum leschte Joerhonnert gouf et eng Rennstreck, wou och Formel 1 gefuer gouf, ronderëm de Findel an d'Neiduerf.

Mat 160 Moyenne, laanscht de Findel erof an d'Neiduerf an de Bierg nees erop.

Dofir géif een haut an de Prisong kommen! 1939 awer war dat d’Vitesse vum Gewënner vum Grand-Prix du Centenaire, déi alleréischt Formel 1 Course zu Lëtzebuerg. Bis an d'50er Jore sinn nämlech op där Streck reegelméisseg international Course gefuer ginn. Mir hunn e Mann besicht, deen alles sammelt, wat mat dësem Grand-Prix de Luxembourg ze dinn huet, an dat ass wäit méi, wéi "just" al Autoen.