Wéinst dem Coronavirus soll et Mëtt Abrëll kee Formel-1-Grand-Prix a China ginn. Verschidde Medie mellen dat.

Ob de 4. Laf vun der Saison komplett gestrach gëtt oder op e spéideren Zäitpunkt verréckelt gëtt, ass aktuell net gewosst. Plaz fir en neie Rendezvous gëtt et am enke Kalenner vun der Formel 1 kaum.

Eng offiziell Bestätegung vun de Medieberichter gëtt et nach net.