Beim legendären Daytona 500, dem Start vun der Saison vum Nascar Series Cup, hat den amerikanesche President ee pompösen Optrëtt.

Videoe weisen, wéi den Donald Trump mat der Air Force One iwwer d'Rennstreck flitt, dat viru sengem Optrëtt um Daytona International Speedway. Dono war eng kleng Parad, wou d'Limousine mam amerikanesche President e puer Ronnen um Circuit gedréint huet.

De President Trump huet dann och de Startschoss fir d'Course ginn.

Säin Optrëtt huet an de soziale Medien nawell fir vill Diskussioune gesuergt.