Den éischte Grand-Prix vum Joer zu Melbourne an Australien gëtt net gefuer. Och China an de Vietnam gëtt net gefuer.

Dëse Weekend sollt den Optakt an der Formel-1 sinn. Zanter en Donneschdeg Owend ass gewosst, dass de Grousse Präis vu Melbourne an Australien wéinst dem Corona-Virus ofgesot ginn ass. Dat war awer bis kuerz virum fräien Training net gewosst!

No enger Krisesëtzung op Grond vun engem positiven Test vun engem McLaren-Mataarbechter hunn déi Responsabel vun der Formel-1 decidéiert, den éischten Grousse Präis zu Melbourne an Australien z'annuléieren. Zu dem Moment souzen internationale Medien no de Lewis Hamilton, de Kimi Räikkönen an de Sebastian Vettel schonn am Fliger fir Heem. Et gëtt diskutéiert, dass d’Saison vun der Kinneksklass de 7. Juni zu Baku ufänken soll.

An den nächsten Deeg analyséiere mir d’Optiounen a kucken, wéi mir de Kalenner organiséieren“, sot den F1-Chef Chase Carey. D’Pandemie huet jo schonn am Virfeld dofir gesuergt, dass de China Grand-Prix ofgesot gouf. An Tëschenzäit gouf och bekannt, datt den 3. Grand-Prix vun der Saison am Vietnam net wäert gefuer ginn.

Allerdéngs war d’Informatioun, dass d’Course zu Melbourne net gefuer gëtt, laang net offiziell, wat fir vill Chaos gesuergt huet. De Lewis Hamilton huet op der Pressekonferenz gesot, dass et nëmme géif ëm Geld goen an net ëm d'Gesondheet vun de Sportler a Spectateuren. Et gounge Rumeuren duerch de Paddock, dass d’Course ofgesot wier, mä et koum ni eng offiziell Confirmatioun vun der FIA respektiv vun Liberty Media, bis kuerz virum Optakt vum fräien Training.

D’Spectateure goufen op de Site gelooss an et hu sech Schlaange virun den zoueneen Diere vum Circuit gebilt, bis um Enn eng Persoun per Megaphone d'Leit informéiert huet, dass all Event, inklusiv d'Coursen, déi am Kader vun der Formel 1 gefuer ginn, ofgesot gouf. Wisou dës Decisioun esou spéit geholl ginn ass, obwuel sämtlech Sportaarten de Spillbetriib agestallt respektiv annuléiert hunn, bleift e Geheimnis.

De Bundesstaat Victoria trëfft déi Ofso, aus finanzieller Siicht, zimmlech hefteg. Ronn 60 Milliounen australesch Dollar, ëmgerechent 35 Milliounen Euro, iwwerweist d’Organisatioun fir dëst Event un Formel 1. No de Bëschfeier an den Iwwerschwemmungen ass d’Annulatioun wéinst der Coronavirus-Pandemie deen nächsten Déifpunkt fir déi australesch Tourismusbranche.

„Auto, Motor und Sport“ huet informéiert, dass den Equipage vun den Ecurien nom Retour an hiert Heemechtsland fräiwëlleg a Quarantän solle goen an eréischt den 30. Mäerz nees sollen ufänke mat schaffen.