Divers italienesch Medien mellen, dass de Sebastian Vettel d'Offer vu Ferrari, fir säi Kontrakt ze verlängeren, refuséiert hätt.

De 4-fache Weltmeeschter wéilt scho bei der Scuderia Ferrari bleiwen, mä net ëm all Präis. A sengem neie Kontrakt, deen iwwert 1 Joer gelaf ass, krut de Vettel manner Salaire offréiert wéi aktuell.

Den 32 Joer alen Däitschen hätt bis elo ëmmer e Kontrakt iwwer 3 Joer ënnerschriwwen a wënscht sech och des Kéier déi selwecht Lafzäit a sengem Aarbechtskontrakt. Och mat der Baisse vu sengem Salaire soll hien net zefridden sinn. D'Italiener géifen him eng Paie vun 12 Milliounen Euro pro Saison bezuelen. Aktuell verdéngt de Ferrari-Pilot awer 30 Milliounen Euro.

Den Dossier ass nach net clôturéiert an de Vettel huet jo selwer annoncéiert, dass hien des Corona-Paus fir Gespréicher géif notzen.

Am WM-Klassement koum de Sebastian Vettel déi lescht Saison mat 240 Punkten op déi 5. Plaz, hannert sengem Coequipier Charles Leclerc.