Déi lescht Course, déi een op RTL am däitsche Free-TV ka kucken, wäert wuel de grousse Präis vun Abu Dhabi sinn.

No bal 30 Joer gëtt vun der nächster Saison u keng Formel 1 méi um däitschen RTL iwwerdroen. Wéi den Tëlessender e Sonndeg matdeelt, géif een um Enn vun der Saison mat der Liveiwwerdroung ophalen.

Wa Konkurrenten am Spill sinn, déi bereet wieren, duebel sou vill ze bezuelen, misst ee sech noutgedronge mam Zenario ausernee setzen, fir erauszeklammen, sou den RTL-Sportchef Manfred Loppe. RTL war 1991 mam Ufank vun der Karriär vum Michael Schumacher an d'Formel 1 erageklommen.

Vun der Saison 21/22 u wäerten d'Rechter fir Däitschland dann exklusiv bei Sky leien.