Wéinst dem ville Reen an der Ënnerbriechung an der Formel 2 ass entscheet ginn de Qualifying an der Steiermark net méi e Sonndeg den Owend auszedroen.

Nodeems d'Formel 1 scho seng Problemer mam Wieder hat an och d'Course vun der Formel 2 ënnerbrach ginn ass, ass entscheet ginn de Qualifying vum Porsche Super Cup zu Spielberg op e Sonndeg ze verleeën.

De geplangten Depart vun 13:45 Auer war tëschenzäitlech op 19 Auer verluecht ginn, ma duerch d'Ënnerbriechung vun der Course an der Formel 2 ass entscheet ginn net méi e Samschdeg den Owend ze fueren.

Ausgedroe gëtt de Qualifying elo also e Sonndeg de Moien um 8:30 Auer. Kuerz drop geet et fir den Dylan Pereira um 12:30 Auer an der Course un den Depart, deen am Training e Freideg déi bescht Zäit opweise konnt.