Den Dylan Pereira geet zu Spielberg vun der 3. Plaz an d‘Course. Hie war um Sonndeg de Moie souguer laang Zäit op der éischter Positioun am Qualifying.

Dës Serie ass am Virfeld vum Grousse Präis vun Éisträich, deen op der nämmlechter Plaz gefuer gëtt.

Den Depart vum Porsche Supercup ass e Sonndeg de Mëtteg um 12.30 Auer.

D'lescht Woch war den 23 Joer ale Pereira mat enger zweeter Plaz, um nämmlechte Circuit, op de Podium gefuer.