De Fransous huet sech um Circuit vu Jerez virum Maverick Vinales an dem Marc Marquez behaapt.

E Samschdeg de Mëtteg ass um Circuit zu Jerez en éischten immens spannende Qualifying vun der neier Saison am Moto GP gefuer ginn.

Mat enger Zäit vun 1:36.705 konnt sech um Enn de Fabio Quartararo vu Yamaha knapps duerchsetzen. Op déi zweet Plaz ass den Teamkoleeg Maverick Vinales aus Spuenien mat enger Zäit vun 1:36:844 komm. Dat kuerz viru sengem Landsmann Marc Marquez, dee mat 1:36:862 vun der drëtter Plaz start.

Eng Schrecksekonn ass et fir de Spuenier Alex Rins ginn, dee mat sengem Gefier am zweete Qualifying gefall ass an doropshin mat der Ambulanz an d'Spidol misst gefouert ginn.

De Startschoss fir déi éischt Course vun der neier Saison fällt e Sonndeg um 14:00 Auer.