Dëst Joer ass sécher kee Grand Prix um Hockenheimring an Däitschland.

D'Besëtzer vun der Streck hu gesot, datt een zwar probéiert hätt, eng Léisung mat de Responsabele vun der Kinneksklass am Automobilsport ze fannen, et wär ee sengem Prinzip awer trei bliwwen, keng Sue wëlle bäizeleeën.

Op där anerer Säit gëtt et awer och d'Confirmatioun, datt d'Formel 1 mat de Responsabele vum Nürburgring a Gespréicher ass. Viru 7 Joer war do dee leschte Grand Prix.