Dat hu Gulf Oil a McLaren Racing e Freideg an engem Communiqué matgedeelt.

Gulf gëtt vun 2021 un Fournisseur fir d'Maschinne vu McLaren. De Logo vu Gulf wäert vun e Freiden u beim Grousse Präis vu Groussbritannien zu Silverstone vum McLaren-Personal, genausou ewéi vun de Pilote Lando Norris a Carlos Sainz gedroe ginn.

Gulf a McLaren hate vun 1968 bis 1973 schonn ee Partenariat an der Formel 1. An den 1990er Joren och, wou ënnert anerem fir d'24 Stonne vu Le Mans de legendäre McLaren F1 GTR d'Faarwe vu Gulf hat.

Den offizielle Communiqué fannt Dir hei: