De Fuerer aus Holland war am Qualifying zu Silverstone de séiersten a start e Sonndeg vun der Pole Position virum Max Van Splunteren an dem Jaxon Evans.

Nodeems den Dylan Pereira déi zwou leschte Coursë fir sech entscheede konnt war hien e Samschdeg um Circuit zu Silverstone am Qualifying gefuerdert.

Do huet hie sech dës kéier awer bësse méi schwéier gedoen a sou steet zum Schluss eng 7. Plaz. Mat engem Virsprong vun 0,3 Sekonnen konnt sech de Larry ten Voorde déi éischt Plaz sécheren, dat virum Landsmann Max Van Splunteren an dem Jaxon Evans aus Australien.

D'Course gëtt e Sonndeg um 12:25 Auer gefuer.