Zu Silverstone konnt den Dylan Pereira d'Course op der 6. Plaz ze Enn bréngen.

Nodeems sech den Dylan Pereira e Samschdeg am Qualifying déi 7. Startplaz geséchert hat, war vun Ufank u kloer dass e Sonndeg an der Course keng einfach Aufgab bevirsteet. Do huet de Lëtzebuerger Fuerer eng Plaz gutt gemaach a schléisst d'Course a Groussbritannien als 6. of.

Hien hat zwar d´Gefill, dass hie méi séier war wéi den Auto virun him, et war awer praktesch onméiglech, fir ze iwwerhuelen.
"Op der Streck ass et scho schwéier ze iwwerhuelen. An dann hues du den Jaap van Laagen, deen net einfach ze iwwerhuelen ass, dann hues du keng Chance hei op der Streck, och wanns du vill méi schnell bass. Déi nächste Course ass och hei zu Silverstone. Hoffe mir, dass mir do an déi richteg Direktioun schaffen, fir den Auto besser hinzekréien an dass mir vill Punkte fir d'Meeschterschaft kënnen erausfueren."

Den Hollänner Larry ten Voorde, dee vun der Pole gestart ass, huet sech zu Silverstone d'Schlussvictoire geséchert. De Max van Splanteren ass kuerz drop als Zweeten iwwert d'Arrivée gefuer an op déi 3. Plaz ass den Jaxon Evans komm.

Virun der nächster Course e Sonndeg, déi nees zu Silverstone gefuer gëtt, huet den Dylan Pereira (80) an der Meeschterschaft 7 Punkten Avance op de Larry ten Voorde (73). Op Plaz 3 ass aktuell den Ayhancan Güven mat 55 Punkten. Fir eng Victoire ginn et 25 Punkten, fir Plaz 2 ginn et 20 Punkten an 17 fir Plaz 3.

De Lëtzebuerger ass awer nach ëmmer zouversiichtlech, dass hien um Enn vum Championnat ganz uewe steet.

"Ech sinn den Ament nach vir an der Meeschterschaft. Ech hu vill Punkte verluer an dëser Course, mee d'Zil ass et nach ëmmer, d'Meeschterschaft ze gewannen. Et ass méiglech, mee et wäert net einfach ginn. Zemools mam neie Punktesystem, wou's de kanns vill Punkte gewannen awer och verléieren. Bon ech ginn alles. Elo hei zu Silverstone wäert ech net vill maachen, well wann s de Corona hues, ass d'Saison och eriwwer. Ech muss oppassen an net ze vill iergendwou hi goen. Just e bësse lafe goen a mech fit halen."