Am Virfeld vum nächste Formel-1-Grandprix um Circuit vu Silverstone ass et d'Nouvelle dass de Finn Valtteri Bottas bei der Ecurie Mercedes verlängert huet.

Hie soll bis op d'mannst Enn vun der Saison 2021 bleiwen, wat drop hindeit, dass et nees just e Kontrakt vun engem Joer fir de Bottas ass. Et ass déi véierte Kéier hannerteneen, dass säi Kontrakt ëm 1 Joer verlängert gëtt.

Den Teamchef Toto Wolff lueft de Bottas... e wier sou staark wéi nach ni virdrun, souwuel fuereresch, wéi och physesch a mental.

Hien huet aktuell 58 Punkten aus 4 Courssen a läit domat op Plaz 2 an der Fuerer-WM, hannert sengem Teamkolleeg Lewis Hamilton (88 Punkten).