Beim Heem-Grand-Prix vum Weltmeeschter Lewis Hamilton ass just eng 2. Plaz fir de Britt erausgesprongen, 3. gouf de Valtteri Bottas.

Showdown a Groussbritannien - fir de 70. Anniversaire vun der Formel 1 gouf et eng Victoire vum Max Verstappen op Red Bull op dem traditiounsräiche Circuit vu Silverstone.

Fir den Hollänner Verstappen war et déi 9. Victoire a senger Karriär an der Kinneksklass vum Motorsport. Op d'Plazen 2 an 3 koumen déi zwee Mercedes vum Lewis Hamilton a Valtteri Bottas.

Déi 4. Plaz war fir de Monegass Charles Leclerc op Ferrari an de 4-fache Weltmeeschter Sebastian Vettel koum um 2. Ferrari just op déi 12. Plaz.

Den Iwwerraschung-3. aus dem Qualifying Nico Hülkenberg ass um Enn als 7. iwwer de wäisse Stréch gefuer.

De Lewis Hamilton bleift an der Weltmeeschterschaft kloer virum Valtteri Bottas.