D'Plaz 3 war fir den anere Mecedes-Pilot Valtteri Bottas an op Positioun 4 koum de Sergio Perez op Racing Point.

Um Circuit de Catalunya war e Sonndeg beim Grousse Präis vu Spuenien kee Kraut géint de Lewis Hamilton gewuess. De Weltmeeschter konnt mat sengem Sëlwerfeil ee Sans faute realiséieren an huet zu Barcelona vun der Pole erfort seng 1. Positioun an der Coursse verdeedegt.

Hannert dem Britt ass de Max Verstappen op Red Bull iwwer de wäisse Stréch gefuer. De Valtteri Bottas huet seng 2. Plaz géint den Hollänner Verstappen ofginn - fir hie war déi 3. Positioun.

Schlechte Start fir Valltteri Bottas

De Finn hat nämlech mat senger Maschinn keen optimale Start erwëscht. Hie gouf vum Hollänner Verstappen a vum Lance Stroll op Racing Point iwwerholl. Am weidere Verlaf vun der Coursse huet de Bottas dunn op d'mannst eng 3. Plaz nees zeréck kënnen erkämpfen an domat nach de Sprong op de Podium packen.

Béid Ferrari-Piloten haten iwwerdeems näischt mam Ausgang vum Grousse Präis vu Spuenien ze dinn. De Sebastian Vettel koum fir seng ablécklech Verhältnisser op eng akzeptabel 7. Plaz an de Charles Leclerc ass d'Coursse wéinst engem elektresche Probleem um Won net op en Enn gefuer.

Am Generalklassement bleift de Weltmeeschter Lewis Hamilton, dee lo 88 Grand-Prixe gewanne konnt, mat sengem Mercedes op der éischter Plaz.

Den Iwwerbléck nom GP vu Spuenien

© AFP