No enger Strof vun 10 Sekonnen koum de Lewis Hamilton just op déi 3. Plaz hannert dem Max Verstappen.

Opgrond vun enger Strof vun 10 Sekonnen fir de Lewis Hamilton, huet de Britt seng éischt Positioun wärend der Course verluer a konnt dës och net méi zeréck erueweren. Bis op de Podium huet de Lewis Hamilton et awer nach gepackt a gëtt den 3. hannert dem Max Verstappen.

Resumé vun der Course

Schonn direkt nom Départ an der éischter Ronn gouf et zwee Accidenter no deenen de Carlos Sainz (McLaren) an de Lance Stroll (Racing Point) ausgescheet sinn a wouropshin de Safety Car schonn eng éischte kéier op d'Streck komm ass.

Wëll de Lewis Hamilton virun der Course zwee mol de Start am Boxenausgang geüübt huet, krut den Englänner zwee mol eng Strof vu 5 Sekonnen an huet déi missen bei engem Boxestopp ofsëtzen. Doropshin ass de Fuerer vu Mercedes op déi 3. Plaz zeréck gefall. Elo war de Valtteri Bottas un der Spëtzt.

Déi éischt Plaz huet de Finn an de Ronnen dono ganz souverän virum Max Vertsappen (Red Bull) an dem Lewis Hamilton verdeedegt. Och de Max Verstappen huet eng staark Course gefuer a sech net méi vum Lewis Hamilton ënner Drock setze gelooss.

Fir Ferrari konnt de Charles Leclerc eng uerdentlech 6. Plaz erausfueren an de Sebastian Vettel huet alt nees eng kéier enttäuscht a gëtt just de 13..