Hannert dem Lewis Hamilton koummen de Max Verstappen (Red Bull) an den Daniel Ricciardo (Renault) op d'Plazen 2 an 3.

Mat senger 91. Victoire egaliséiert de Lewis Hamilton de Rekord vun de meeschte Victoiren vum Michael Schumacher.

Eng staark Course huet den Daniel Ricciardo ofgeliwwert deen et mol endlech nees eng kéier als 3. op de Podium gepackt huet. Virun him gouf de Max Verstappen zweeten.

Um Enn vun der Course huet dem Michael Schumacher säi Jong, de Mick Schumacher, en Helm vu sengem Papp iwwerreescht als Cadeau an als Unerkennung u seng Leeschtung.

Resumé vun der Course

Beim Start koum de Lewis Hamilton (Mercedes) richteg gutt vun der 2. Plaz fort mee de Valtteri Bottas (Mercedes) huet sech staark verdeedegt a konnt déi 1. Plaz halen. An der 12. Ronn ass dem Bottas allerdéngs e Feeler ënnerlaf an duerch dësen ass et dem Hamilton gelongen de Finn ze iwwerhuelen a war domadder elo op der 1. Plaz.

Opgrond vu Problemer um Auto huet de Valtteri Bottas säin Auto an der 19. Ronn missen ofstellen.

Un der Spëtzt konnt keen dem Lewis Hamilton geféierlech ginn an och hannendrun hat de Max Verstappen (Red Bull) keng Problemer dat een vun hannendrun konnt geféierlech ginn. Op der drëtter Plaz louch den Daniel Ricciardo (Renault) mee de Sergio Perez (Racing Point) hat eng gutt Pace an huet Drock op den Australier gemaach.

Nodeems an der 45. Ronn de Safety Car eraus komm ass wëll de Lando Norris (McLaren) den Auto huet missen ofstellen, sinn se alleguer nees ganz no beieneen geréckelt.

Beim Restart huet sech de Lewis Hamilton awer net iwwerrasche gelooss a konnt direkt e puer Meter tëscht sech an de Max Verstappen bréngen. Och de Sergio Perez konnt net den Daniel Ricciardo iwwerhuelen.

Um Enn sollt dann och näischt méi geschéien an de Lewis Hamilton wënnt virum Max Verstappen an dem Daniel Ricciardo.