Beim Grousse Präis vu Frankräich konnt sech den Italiener Danilo Petrucci virum Alex Marquez an dem Pol Espargaro duerchsetzen.

Beim Grousse Präis vu Frankräich zu Le Mans konnt sech den Italiener Danilo Petrucci op Ducati virum Alex Marquez op Honda an dem zweete Spuenier Pol Espargaro op KTM duerchsetzen. Dëst ass déi zweet Victoire an der MotoGP fir den Italiener.

Am General bleift de Fransous Fabio Quartararo, dee just 9. ginn ass, mat 115 Punkten un der Spëtzt. Hannendrun ass de Joan Mir mat 105 Punkten op der 2. Plaz virum Andrea Dovizioso deen 97 Punkten um Kont huet.