Am Porsche Carrera Cup Däitschland gi mam Dylan Pereira a Carlos Rivas och 2 Lëtzebuerger un den Depart. RTL.lu iwwerdréit d'Courssen am Livestream.

Déi 5., 6. a 7. Manche ginn de Weekend iwwer um Red Bull Ring gefuer.

Bei der 5. Manche e Samschdeg de Mëtteg huet sech den Dylan Pereira d'Victoire geséchert. De Carlos Rivas huet sech als 14. klasséiert.

Bei der 6. Manche um Sonndeg de Moie konnt den Dylan Pereira eng weider Victoire a säi Palmarès schreiwen. 

Virun der 7. Manche huet de Larry ten Voorde just nach 1 Punkt Virsprong op den Dylan Pereira.

Verfollegt all d'Coursse vum Porsche Carrera Cup Däitschland am Livestream op RTL.lu.

Resultat vum Qualifying

Den Däitsche Leon Köhler konnt sech e Samschdeg de Moien d'Pole Position um Red Bull Ring sécheren, mat enger Beschtzäit vun 1:33.563 virum Tabelleféierer Larry Ten Voorde mat engem Retard vun 23 Honnertstel Sekonnen.

Fir de Lëtzebuerger Dylan Pereira war et, mat engem Retard vun 26 Honnertstel Sekonnen op de Leon Köhler, d'Plaz 3. De Carlos Rivas ass als 16. iwwert d'Arrivée gefuer.

Programm vum Weekend

Sonndeg 18. Oktober um 16.40 Auer bis 17.40 Auer: 3. Course

Sidd op Zack!

Ee klengt Spill fir Iech op "touren" ze bréngen.