De Fuerer vu Mercedes huet sech viru sengem Teamkolleeg Valtteri Bottas an dem Max Verstappen vu Red Bull duerchgesat.

Fir déi éischte Kéier no 24 Joer stoung de Weekend um Algarve Circuit zu Portimao e grousse Präis an der Formel 1 um Programm. E Samschdeg ass mat enger klenger Verspéidung de Qualifying gefuer ginn, nodeems am 3. fräien Training en Deel vun der Streck beschiedegt gouf.

Am Q2 ass de Sebastian Vettel net iwwert déi 15. Plaz erauskomm an huet et sou mat engem däitlechen Ofstand net an de Q3 gepackt. Do huet Mercedes dann eng weider kéier dominéiert a sou start de Lewis Hamilton e Sonndeg vun der Pole Position. Op déi zweete Plaz ass den Teamkoleeg Valtteri Bottas komm an de Max Verstappen ass Drëtte ginn.

Den Depart vun der Course ass e Sonndeg um 14:10 Auer.